Nepalreise 2010 mit Ewa Wisnierska
aktuell portrait berichte sport media gallerie sponsors links kontakt
       

ewa wisnierska - nepalreise 2010

ewa wisnierska - nepalreise 2010

nepalreise 2010

ewa wisnierska - nepalreise 2010

ewa wisnierska - nepalreise 2010

ewa wisnierska - nepalreise 2010

 

 

Nepalreise 2010 - Tagesbericht vom 26. Januar

 
 

von Roland aus Luxembourg, in seiner Landessprache:

Endlech eng Nuecht wou ech duerchgeschlof hunn. A wéi emmer, schéint moies d´Sonn a mer drenken erem op der Dachterrass gemittlech Kaffi respektiv Téi.
Fir haut hu mer ee Minibus gelount a verdéischt loose mer Kathmandu hannert eis a kirpen eng Kéier un der anerer e Bierg (Nagarkot) erop bis op ronn 2000 Meter wou mer dann eng grandios Iwersiicht iwer Däller voller Terrassen hunn a verdéischt e Bleck op déi nächsten 7000- 8000 héich Bierger um Horizont. Wollekebasis teschent 4 a 5000 schätzen eis Expären an eigentlech ee richteg gudden Fluchdag- Mee héi gett e keng offiziell Startplatzen an Landeplatzen sinn och nit a Sicht a souwiesou hu mer eis Schiermer nit derbai. Mir geneissen d´Sonn, déi fresch Loft, dat gudd Iessen op enger Terrass a gedenken all denen die sech an Europa duerch de Schneichaos quälen. Hei sinn och keng Affen déi scharf op den Zocker sinn, duerfir awer eng onmass Adler die hei an der Therkik kierpen.

Als nächst huet eise Guide, de Biren, eis op Bhaktatpur gelotst, dest war deen kulturellen Deel fir haut. Dest ass eng richteg gudd erhalen, vun der Unesco zum Weltkulturerben erklärten Stadt, déi eis erem onendlech vill Filmmotiver geliwert huet. Leider hate mer just annerhallew Stonn Zeit fir déi Sinnflut vun Andreck op eis awierken ze loossen. Weider Detailer iwert des Stadt gett et an all guddem Reesguide.

Haut sollt awer och eise klenge Grupp sech endlech vervollstännegt. Eigentlech hate mer welles d’Andrea, den Charly an de Chris op de Flughafen sichen ze goen, mee et huet sech eemol méi erwissen dass zeitlech plangen als schwieregt erweist,esou stunge mer stonnelang am Stau an am Gestank an eis Kollegen ware scho lang mam Taxi an den Hotel gefuer.

Endlech ass ‘Trupp komplett a muer de moien fréi (veirel op sechs) soll et da weider goen op Pokhara...
(Roland)

<< zurück zu Nepalreise 2010

 

     
   

<< zurück zu Berichte